Garantië

Aktualiséiert den 11. Mäerz 2026

Garantie des biens

De Code de la consommation ënnerscheet tëschent zwee Typpe vu Garantie, déi onofhängeg vunenee fonctionéieren:

  • déi gesetzlech Konformitéitsgarantie an
  • d’Händlergarantie.

Gesetzlech Konformitéitsgarantie

Just déi gesetzlech Konformitéitsgarantie ass gesetzlech verflichtend.

Der Verkeefer ass verflicht, eng Wuer ze liwweren, déi konform zum Vertrag ass an déi Eegeschafte vun Halbarkeet, Funktionalitéit, Kompatibilitéit a Sécherheet opweist, déi fir dës Wuer normal sinn an déi de Konsument och vernünftegerweis erwaarde kann.

Déi gesetzlech Konformitéitsgarantie gëllt fir 2 Joer ab deem Punkt, wou d’Wuer geliwwert gëtt a bezitt sech op Mängel, déi zu deem Zäitpunkt, wou d’Wuer geliwwert ginn ass, scho bestanen hunn.

Bei Konformitéitsmängel, déi an deenen éischten 12 Méint ab der Liwwerung vun der Wuer optriede gëtt dovunner ausgaangen dass se schonn ab deem Zäitpunkt bestanen hunn, et sief dann de Professionelle kann de Géigendeel beweisen.

Wann d’Mängel méi wéi 12 Méint mee manner wéi 2 Joer no der Liwwerung vun der Wuer optrieden, da gëllt déi gesetzlech Konformitéitsgarantie nach ëmmer, mee et ass elo um Konsument fir ze beweisen, dass de Konformitéitsmangel schonn zum Zäitpunkt vun der Liwwerung vun der Wuer bestanen huet, fir an de Genoss vun dëser gesetzlecher Garantie kommen ze kommen.

Am Fall vun engem Konformitéitsmangel huet de Konsument e puer Optiounen:

  • D’Mise en conformité : Reparatur oder Ersatz an engem räsonabelen Delai, ouni dass dem Konsument Fraisen oder gréisser Inconvenienten entstinn, oder
  • Opléisung vum Kontrakt oder eng proportionell Reduktioun vum Präis.

Händlergarantie

D’Händlergarantie gëtt vum Produzent oder Verkeefer ugebueden (deen also och de Garant dofir ass).

Si ass vollkomme fakultativ an entweeder gratis oder géint Bezuelung.

De Garant bestëmmt fräi iwwer de Contenu an d’Konditiounen dovun (z.B. zousätzlech Garantiejoren oder zousätzlech (Entretiens-)Servicer).

Si gëtt schrëftlech op engem dauerhafte Support an däitscher oder franséischer Sprooch festgehalen, woubäi de Konsument d’Sprooch auswielt.

Garantië fir digital Contenuen an digital Servicer

Déi gesetzlech Konformitéitsgarantie gëllt och fir digital Contenuen an digital Servicer, zum Beispill : de Kaf vun enger App, vun engem E-Book, vun engem Online-Videospill, den Ofschloss vun engem Streaming-Abonnement, d’Léine vun engem Film online asw. Net ofgedeckt sinn z.B. bestëmmte Gesondheetsservicer, Glécksspillservicer bei deenen et eng Mise vu Geld gëtt oder Finanzservicer.

De Professionellen ass vis-à-vis vum Konsument fir all Konformitéitsmangel responsabel, deen:

  • zum Zäitpunkt vun der Liwwerung vun der Wuer besteet (d.h. vun der Fourniture vum digitale Contenu oder digitale Service), an
  • deen an engem Delai vun zwee Joer ab dësem Moment optrëtt ; dat gëllt och fir digital Contenuen an digital Servicer. Fir kontinuéierlech Fournituren, z.B. en Abonnement, bleift d’Garantie wärend der gesamter Lafzäit vum Kontrakt bestoen.

Wéi och bei deenen anere Wuere gëtt zu Gonschte vum Konsument ugeholl, dass de Konformitéitsmangel schonn zum Zäitpunkt vun der Liwwerung bestanen huet, wann de Mangel bannent 12 Méint ab der Liwwerung vun der Wuer optrëtt. Den digitalen Inhalt oder digitale Service muss dem Vertrag an deene verschiddene Konformitéitsufuerderungen entspriechen.

Ënner objektive Konformitéitsufuerderunge versteet een zum Beispill:

  • där am Vertrag festgehalener Beschreiwung, Quantitéit a Qualitéit entspriechen
  • funktiounsfäeg a kompatibel sinn an iwwert all aner Charakteristike verfügen, déi am Kontrakt festgehale sinn
  • fir säi spezifesche Verwendungszweck gëeegent sinn
  • mat allen Accessoiren an allen Instruktioune geliwwert ginn, zemools wat d’Installatioun an den Update ugeet.

Ënner subjektive Konformitéitsufuerderunge versteet een zum Beispill:

  • fir dee Gebrauch gëeegent sinn, deen ee sech vun digitale Contenuen oder digitale Servicer vum selwechten Typ erwaart
  • konform si mat der Testversioun oder dem Iwwerbléck vum digitale Contenu oder vum digitale Service, deen dem Konsument zur Verfügung gestallt gouf, éier de Kontrakt geschloss ginn ass,
  • informéiert ginn iwwer Updaten, déi néideg si fir dass d’Konformitéit vum digitale Contenu oder dem digitale Service erhale bleift.

De Professionellen (Fournisseur) muss:

  • de Konsument doriwwer informéieren, dass Updaten zur Verfügung stinn, an
  • dës Updatë liwwere fir dass d’Konformitéit vun dem « Smart Good » oder der « vernetzter Wuer », dem digitale Contenu oder dem digitale Service séchergestallt ass.

Opgepasst: De Konsument muss déi geliwwert Updaten installéieren, fir dass hie beim Professionelle seng gesetzlech Konformitéitsgarantie kann an Usproch huelen.

Ofhëllef: Wann e Konformitéitsmangel optrëtt, huet de Konsument e Recht op eng Mise en conformité vun dem digitale Contenu oder dem digitale Service, op eng proportionell Reduktioun vum Präis oder eng Opléisung vum Kontrakt.

Et ginn nei spezifesch Rechter fir digital Elementer verankert:

  • De Konsument kann Ännerungen un den digitalen Elementer, déi iwwer dat erausgi wat am Kontrakt virgesinn ass an dat wat néideg ass fir d’Konformitéit vun der Wuer ze garantéieren (Sécherheet, Maintenance), refuséieren. Hie ka verlaangen dass de Kontrakt opgeléist gëtt, wann déi Ännerung eng grouss negativ Auswierkung op den Accès zu dem digitale Contenu oder dem digitale Service huet.
  • Falls et zu enger Opléisung vum Kontrakt kënnt, kann de Konsument déi verwennt Inhalter recuperéieren.