Liwwerung, zousätzlech Käschten

Aktualiséiert den 19. Februar 2026

Liwwerung

Allgemeng Reegel:

D’Liwwerung muss bannent drësseg Deeg no Ofschloss vum Kontrakt erfollegen.

Ausnam:

De Professionellen an de Konsument eenege sech zesummen op e spéideren Datum.

  • Wann de Professionelle sech net un de Liwwerdatum hält, da verlaangt de Konsument formell vum Professionelle bannent engem neie räsonabelen Delai ze liwweren.
  • Wann de Professionellen d’Wuer net liwwert, huet de Konsument d’Recht, de Kontrakt op der Plaz ze kënnegen a rembourséiert ze ginn.

Zousätzlech Fraisen

De Professionellen dierf keng Fraisen (z.B. fir Bank oder Telefon) facturéieren, déi méi héich sinn, wéi déi, déi hie fir e bestëmmte Kontrakt selwer virgestreckt huet.

De Konsument muss zousätzleche Payementer ausdrécklech zoustëmmen éier hien e Kontrakt ofschléisst oder eng Offer unhëlt.

Transfert vum Risk

De Risk vum Verloscht vun oder Schued un de Wuere geet vum Professionellen op de Konsument iwwer, soubal de Konsument d’Wuer a Besëtz geholl huet oder den Transport vun der Wuer iwwerholl huet.

Liwwerung vun enger Wuer oder engem Service, déi net bestallt goufen/ Zwangsverkaf (och « Zwangssendung »)

En Zwangsverkaf ass eng Praktik, bei där engem Konsument eng Wuer heem geliwwert gëtt an hien dann opgefuerdert gëtt, se entweeder zréckzeschécken oder ze bezuelen, obwuel de Konsument näischt bestallt huet.

Zwangsverkaf ass verbueden.

E Professionellen, dee sech net un dës Bestëmmung hält, ka mat enger Geldbouss bestrooft ginn.

De Konsument ass vun all Géigeleeschtung fir eng Liwwerung, déi hien net gefrot huet, befreit.

De Konsument ass weeder an der Obligatioun ze bezuelen nach den Objet zréckzeschécken.

Wa keng Reaktioun vum Konsument kënnt, ass dat net als Zoustëmmung ze gesinn.