Récktrëttsrecht
Aféierung
Récktrëttsfrist
D’Widderruffsrecht bei Kontrakter « à distance » an ausserhalb vu Geschäftsraim geschlosse Kontrakter
Prinzipiell huet de Konsument en Delai vu 14 Kalennerdeeg fir e Kontrakt « à distance » oder e Kontrakt, deen ausserhalb vu Geschäftsraim geschloss ginn ass, ze widderruffen.
Ausnamen
- (dringend) Servicer, déi schonn erbruecht gi si mat dem ausdrécklechen Averständnes am Viraus vum Konsument,
- Wueren a Servicer, déi kuerzfristeg groussen an onberechenbare Präisschwankungen ënnerleien, wéi z.B. Edelmetaller oder Wäiner, déi virun der Lies verkaaft ginn,
- personaliséiert Wueren, déi speziell fir de Konsument hiergestallt oder apprêtéiert gi sinn,
- verdierflech Wueren, déi séier hifälleg sinn oder aus Grënn vun der Hygiène nom Opmaachen onbrauchbar sinn, wéi z.B. Iesswueren, Zeitungen, Hygiènes- a Kosmetikartikelen…,
- Enregistrementer, Videoen a Software, wou de Konsument d’Versigelung schonn erofgeholl huet oder se erofgelueden huet,
- Keef bei ëffentleche Steeën,
- Servicer zu festgeluechten Datumer, wéi z.B. Ënnerbréngung, Wuerentransport, Locatioun vu Gefierer,
- Entréeë fir Evenementer am Zesummenhang mat Fräizäitaktivitéiten…
Informatiounsflicht
De Professionelle muss de Konsument doriwwer informéieren ob et e Widderruffsrecht gëtt oder net an iwwert d’Konditiounen an d’Modalitéite fir dëst Recht auszeüben (Dauer vun der Widderruffsfrist, wéini dass déi Frist uleeft, asw.).
Verlängerung vun der Frist
Wann de Professionellen dës Informatiounen net virum Ofschléisse vum Kontrakt zur Verfügung stellt, da gëtt d’Widderruffsfrist ëm 12 Méint verlängert ab deem Zäitpunkt, wou déi ursprénglech Widderruffsfrist ofgelaf ass.
Wa wärend dëser Zäit de Professionellen dem Client déi Informatiounen gëtt, déi vum Gesetz virgesi sinn, da leeft en neien Delai vu 14 Deeg ab deem Datum un, wou de Konsument dës Informatioune kritt huet.
Wierkung a Grenzen vum Recht
Wann d’Widderruffsrecht ausgeüübt gëtt, gëtt domat de Kontrakt annuléiert.
Därzäit verfüügt de Konsument iwwert kee Widderruffsrecht bei deene meeschte Keef op enger Foire oder bei engem Salon.