Wien mécht wat?
Direction de la protection des consommateurs
D’Direktioun fir Konsumenteschutz, als zoustänneg Autoritéit fir d’juristesch Konsumenteschutzpolitik, schaaft en Ëmfeld fir d’Informatioun an de Schutz vun de Konsumentinnen a Konsumenten.
Si engagéiert sech aktiv fir e gesetzleche Kader, deen d’Respektéiere vun de Konsumenterechter bei kommerziellen Transaktiounen garantéiert – souwuel um EU-Binnenmarché wéi och op nationalem Niveau.
Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC)
D’Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC) huet als Zil d’Konsumentinnen a Konsumenten zu Lëtzebuerg ze schützen, ze vertrieden, ze informéieren an ze sensibiliséieren.
Als representativ Organisatioun vertrëtt si d’Konsumenten och vis-à-vis vun ëffentlechen a politeschen Institutiounen. D’ULC informéiert Iech iwwer Är Rechter a hëlleft Iech am Fall vun engem Sträit mat engem Professionellen, dee zu Lëtzebuerg etabléiert ass.
Centre Européen des Consommateurs (CEC)
Le Centre Européen des Consommateurs (CEC) Luxembourg vous informe sur vos droits et vous aide gratuitement en cas de litige avec un professionnel établi dans un autre pays de l’UE.
De CEC ass Deel vun engem Netzwierk vu 29 Europäesche Konsumentecentren an der Europäescher Unioun, souwéi an Island an Norwegen (European Consumer Centres Network (ECC-Net)).
De CEC gëtt vun der Europäescher Unioun, der ULC an der lëtzebuergescher Regierung kofinanzéiert.