WEBVTT

00:00.480 --> 00:02.399
Dëse wonnerschéine Rack
ass grad ukomm!

00:02.799 --> 00:04.719
Et ass… guer net dee Rack,
deen ech bestallt hunn...

00:05.919 --> 00:06.400
Oh!

00:06.400 --> 00:07.120
Du hues mech erféiert!

00:07.120 --> 00:08.080
Du bass rageluecht ginn.

00:08.080 --> 00:10.039
Jo, meng gutt Fee,
ech si sou traureg.

00:10.039 --> 00:10.480
Oh.

00:10.480 --> 00:11.960
Dat ass wierklech net de Rack,
deen ech bestallt hat.

00:11.960 --> 00:13.759
Wéi kréien ech elo meng Suen zeréck?

00:13.759 --> 00:15.519
Wéi s du bestallt hues, hues de gekuckt,

00:15.519 --> 00:16.879
ob de Site vertrauenswierdeg ass?

00:16.879 --> 00:18.239
Ob et e richtege Betrib ass?

00:18.239 --> 00:21.920
Stoung eng Adress do?
Gëtt et e Widderruffsrecht?

00:21.920 --> 00:23.399
Nee, do hat ech net drop opgepasst.

00:23.399 --> 00:24.000
Oh, schued!

00:24.000 --> 00:25.920
Well an der ganzer
Europäescher Unioun

00:25.920 --> 00:28.280
hues du e Widderrufsrecht
vu 14 Deeg.

00:28.280 --> 00:30.800
Du kanns de Pak opmaachen,
de Rack uprobéieren,

00:30.800 --> 00:34.119
a wann en net passt, kanns du et
bannent 14 Deeg zeréckschécken.

00:34.119 --> 00:36.600
Okay, an d’Versandkäschte
misst ech awer bezuelen?

00:36.600 --> 00:37.119
Dat wier awer ongerecht.

00:37.119 --> 00:39.719
Also, wann de Verkeefer
Zousaz- oder

00:39.719 --> 00:40.799
Retourkäschten net kloer uginn huet,

00:40.799 --> 00:42.200
ass et net un dir dat ze bezuelen.

00:42.200 --> 00:43.200
A wann de Verkeefer
de Retour refuséiert,

00:43.200 --> 00:44.719
hunn ech da meng Sue verluer?

00:44.719 --> 00:45.840
Glat a guer net!

00:45.840 --> 00:46.840
Da kontaktéiers de de Verkeefer,

00:46.840 --> 00:49.200
wéi an den allgemenge
Geschäftsbedéngunge beschriwwen

00:49.200 --> 00:50.960
a verlaangs e Remboursement,

00:50.960 --> 00:53.200
well dat ass däi Recht als Konsument.

00:53.200 --> 00:54.880
Ah, merci, meng gutt Fee!

00:54.880 --> 00:57.359
Versprach, déi nächste Kéier
passen ech besser op!
